No fënnef Joer Biergerkrich a MyanmarÉischt Ronn vun de Parlamentswalen

Tom Nols
D'Militärjunta, déi 2021 déi demokratesch gewielte Regierung gestierzt hat, wëllt Walen organiséieren. Oppositionell Gruppen hu Boykott ugekënnegt.
© NHAC NGUYEN/AFP

Fir d’éischte Kéier zanter dem Putsch géint déi demokratesch Regierung vun der Friddensnobelpräisgewënnerin Aung San Suu Kyi viru fënnef Joer ginn a Myanmar Parlamentswale gehalen. Déi éischt vun dräi Walronne wäert e Sonndeg de Moien 6 Auer Lokalzäit ufänken. Gewielt gëtt an de Regiounen, déi vun der Junta kontrolléiert ginn. Déi zweet Ronn ass fir den 11. Januar ugesat, en Datum fir déi drëtte Ronn gëtt et nach net.

Wärend d’Militär vun engem Retour vun der Demokratie schwätzt, kritiséieren international Observateuren e Schauspill, no deem den aktuelle Chef vun der Junta Min Aung Hlaing och weider un der Muecht wäert bleiwen. An zech Gebidder, déi vu Rebelle kontrolléiert ginn, huet d’Kommissioun, déi d’Walen organiséiert, d’Ofstëmmung ofgesot. Oppositionell Gruppen hunn e Walboykott annoncéiert.

Nom Stuerz 2021 war der Suu Kyi hir Partei “National Liga fir Demokratie” NDL opgeléist ginn, an d’Land mat senge ronn 50 Milliounen Awunner an e Biergerkrich gerappt ginn. ronn 90.000 Persoune gestuerwen sinn, gutt 3,6 Millioune Mënsche wieren op der Flucht. Der UNO no lieft d’Hallschent vun der Populatioun an Aarmut. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres hat am Oktober gesot, hie géing net dovun ausgoen, dass “iergendeen dru gleeft, dass déi Walen zur Léisung vun de Problem a Myanmar wäerte bäidroen”.

Back to Top
CIM LOGO