
De Milliardär huet e Message gedeelt, wou d’AfD gelueft gëtt, well déi freet, ob d’Leit wéissten, datt Schëffer am Mëttelmier Migrante mat der finanzieller Hëllef vum däitsche Staat opfänke géifen. Den däitschen Ausseminister huet direkt geäntwert “Jo, dat nennt ee Liewe retten”. Den Elon Musk sot sengersäits, dat géing éischter ausgesinn ewéi Ënnerstëtzung fir Mënschenhandel.
Den Elon Musk, selwer e Migrant aus Südafrika an den USA, huet iwwerdeems virum Weekend d’US-Grenz mat Mexico besicht, wou aktuell Dausende Migranten aus Zentral- a Südamerika dës passéiere wëllen. Den Elon Musk verweist do och op Demokraten, notamment zu New York, déi der Meenung sinn, datt d’USA all déi Migranten net géing packen.
Fir Polemik suergt den Elon Musk dann och mat provokative Messagen, wou hien de Geck mam ukrainesche President Selenskyj mécht, dee süchteg no Geld aus dem Ausland wier. D’Ukrain ass zanter der russescher Aggressioun virun annerhallwem Joer staark ugewisen op finanziell Hëllef.
Op dem Musk säin Tweet gouf an der Ukrain natierlech och reagéiert, dat ënnert anerem vum Medium “Ukrainska Pravda”.
An den USA sinn d’Demokraten an traditionell Republikaner fir d’Hëllef fir d’Ukrain. De Musk ënnerstëtzt dat nach méi konservatiivt Lager, dorënner den Trump, déi d’Ukrain wëlle sengem Schicksal iwwerloossen. Sou gouf och an den USA elo just e provisoresche Budget fir 45 Deeg ënnerschriwwen, wou keng Hëllef fir Kiew virgesinn ass. Den Elon Musk huet d’Republikaner fir hire Blockage felicitéiert.