
Besonnesch de Bundestaat Michigan ass vum Wanterstuerm an den USA betraff.
Meteorologen schwätze vun engem Stuerm, direkt hannert engem sougenannte Bommen-Zyklon, wou de Loftdrock bannent kuerzer Zäit staark gefall ass, wat zu deene Konditioune gefouert hätt.
Eng 150.000 Stéit si vum Stroumnetz ofgeschnidden. Dausende Flich hu musse verréckelt oder ofgesot ginn.