Migranten zu CeutaEng 1.000 Mineure sinn nach ëmmer op der Plaz

Pierre Jans
Si sinn duerch dat internationaalt Recht besser protegéiert a kënnen net einfach zeréckgeschéckt ginn.
TOPSHOT - Migrants arrive on the shore after swimming into the Spanish enclave of Ceuta in North Africa on July 31, 2026.
Der EU-Charta no muss Spuenien no de Mineure kucken.
© AFP

Zu Ceuta, der Exklav, nieft Marokko an Nordafrika, ass d'Migrantiounskris nach net eriwwer. Zwar hunn déi allermeescht erwuesse Migranten de spueneschen Territoire nees verlooss, ma ëm 1.000 Mineuren sinn nach do. Si sinn duerch dat internationaalt Recht besser protegéiert a kënnen net einfach zeréckgeschéckt ginn. Der EU-Charta no muss Spuenien no hinne kucken.

Déi regional Autoritéiten bekloen awer, dass hir Kapazitéiten fir no de Jugendlechen ze kucken bei wäitem net duerginn. Vill géifen der einfach um Strand oder a Parken hausen. Eng 1.000 jonk Männer a Fraen wären um Pabeier erfaasst, Honnerten anerer wäre méiglecherweis ënnergedaucht a géife sech och nach zu Ceuta ophalen.

Hëllefsorganisatiounen hëllefen op der Plaz mat Waasser, Medikamenter an Decken.

E weidere Problem ass, wéi zum Beispill déi däitsch Tagesschau mellt, dass nëmmen en Drëttel vun de mannerjärege Migranten aus Marokko wären. Et sinn der och aus dem Sudan oder Syrien dobäi, wat d‘Heembréngen nach méi komplizéiert mécht.

Back to Top
CIM LOGO