
D'EU-Digitalkommissärin gëtt de groussen Tech-Konzernen eng Matschold un der Migratiounskris zu Ceuta. D'Finnin Henna Virkkunen huet no enger Entrevue mat den Entreprisen Meta an TikTok ugedeit, si hätte méiglecherweis net genuch géint Falschinformatiounen op hire Plattformen ënnerholl.
Vill Migranten déi vu Marokko aus an déi kleng spuenesch Exklav an Nordafrika gestiermt waren, haten uginn, Videoen an Noriichten op de soziale Reseauen hätten hinne suggeréiert, dass déi fir gewéinlech streng geséchert Grenz op eemol op wär. Domat wär hir Hoffnung gewuess, iwwer Ceuta kéinte si op d'spuenescht Festland an domat an Europa kommen.
D'EU wëll sozial Reseauen méi am Detail ënner d'Lupp huelen fir esou Risiken an Zukunft z'evitéieren respektiv fréi ze erkennen. Och d'Firmen selwer sollen an d'Responsabilitéit geholl ginn, schreift d'EU-Kommissärin op der Plattform X.