GroussbritannienEnquête géint Spidol lancéiert, wou Infirmière siwe Bëbeeën ëmbruecht huet

RTL Lëtzebuerg
Am August war d'Infirmière, déi de Bëbeeën héich Dosen Insulin gesprëtzt huet, zu liewenslaangem Prisong verurteelt ginn.
© AFP/Lindsey Parnaby

D’Police huet e Mëttwoch annoncéiert, eng Enquête géint d’Spidol an d’Weeër geleet ze hunn, wou déi 33 Joer al Infirmière Lucy Letby siwen Neigebuerener ëmbruecht huet. A sechs weidere Fäll hunn d’Puppelcher d’Attack iwwerlieft.

D’Enquête géint d’Countess of Cheshire Hospital zu Chester am Nordweste vun England wäert virun allem d’Fro kläre sollen, ob d’Direktioun vum Spidol noléisseg mat der Affär ëmgaangen ass. Eenzel Persoune sinn nach net am Viséier vun der Enquête, déi nach ganz um Ufank steet.

Eng Rei Dokteren hate scho fréi dorops higewisen, datt aussergewéinlech vill Doudesfäll mat de Schichte vun der Infirmière zesummegefall waren. Der deemoleger Direktioun gouf an deem Kader virgeworf, net séier an effikass genuch reagéiert ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO