Lëtzebuerger Vulkanolog iwwert Situatioun an Island"Et ass wéi d'Mëllech op der Kachplack, déi bal iwwerkacht"

Pierre Weimerskirch
An Island gëtt e gréissere Vulkanausbroch gefaart. 4.000 Mënschen hu missen hir Haiser verloossen.
Den Ament gëtt et vill Äerdbiewen an der betraffener Regioun.
Den Ament gëtt et vill Äerdbiewen an der betraffener Regioun.

De Vulkanolog Romain Meyer huet selwer schonn op der Insel gefuerscht. Déi aktuell geologesch Observatioune géifen op enger gréisser Eruptioun vum Vulkansystem Fagradalsfjall hiweisen. Well et den Ament esouvill Äerdbiewen an der Regioun gëtt, wéisst een, dass de Vulkan ganz aktiv ass. Op verschiddene Stroosse géif een och scho Rëss gesinn.

“D’Magma beweegt sech an enger Aart Magma-Tunnel ënnert der Uewerfläch. Et kann een dovun ausgoen, dass bannent den nächste Stonnen oder Deeg de Vulkan ausbrécht.”

Volummen u Magma enorm

Bei deem, wat een den Ament gesäit, kéint een dovun ausgoen, dass d’Magma sech ganz séier beweegt an och a grousse Volummen, esou de Lëtzebuerger Vulkanolog.

Op Island gëtt et eng ronn 30 aktiv Vulkanen, dass et do zu Eruptioune kënnt, wier net ongewéinlech.

“Et ass déi geographesch Lokalitéit vun den observéierte Fakten, déi dës Eruptioun ganz geféierlech mécht. An zwar gesäit et dono aus, wéi wann ee vun den zentralen Eruptiounspunkte matzen an der Stad Grinvdavik läit. Et kann ee sech dat e bëssi virstelle, wéi de Katastrophefilm Volcano aus den 90er Joren, deen esou eppes ganz fiktiv zu Los Angesles ugeholl an nogespillt hat. Ma esou een Zenario kann elo ganz konkret gi fir Grindavik.”

Den Ament gëtt et vill Äerdbiewen an der betraffener Regioun.
Den Ament gëtt et vill Äerdbiewen an der betraffener Regioun.

“Et ass wéi d’Mëllech déi bal iwwerkacht”

Op d’Fro, wéi een einfach kann erklären, wéi déi aktuell Situatioun ass, gëtt de Romain Meyer folgend Erklärung:

“Dat ass, wéi wann ee seng Mëllech op der Kachplack kacht an ee gesäit, elo ass se nach OK. An op ee Mol kacht se iwwer. Esou änlech ass et och bei Eruptiounen.”

Impakt op Populatioun an Europa

Eng 4.000 Mënschen, déi zu Grindavik liewen, goufen evakuéiert. Déi kleng islännesch Stad ass och net wäit vun der Haaptstad Reykjavik ewech. D’Touristenattraktioun Blue Lagoon gouf gespaart an och d’Geothermie-Wierk Svatsengi kéint duerch eng Eruptioun Problemer kréien, mat Bléck op de Wanter net evident fir ganz Island.

2010 huet d’Eruptioun vum Eyjafjallajökull de Fluchverkéier an Europa massiv ageschränkt. Bei dësem Ausbroch ass d’Magma a Kontakt mam Gletscher komm, wat déi grouss Dampwolleken ervirgeruff huet, dat wier hei net de Fall, esou de Romain Meyer. Ausserdeem hätt d’Magma wéineg Gas iwwert sech, wat grouss Explosioune manner warscheinlech mécht.

“Wa gasräicht Magma ausbrécht, ass et änlech, wéi bei enger Fläsch Schampes déi ee rëselt. Zu Grindavik kann et zu klengen Explosioune kommen, wann d’Magma mat Waasser a Kontakt kënnt.”

Back to Top
CIM LOGO