Milliounen Demonstranten an den USA erwaartEt kéinten déi gréissten Demonstratioune bis ewell géint den Donald Trump ginn

RTL Lëtzebuerg
Dëse Samschdeg sinn an den USA an honnerte Stied déi drëtt “No Kings”-Protester géint den US-President.
© AFP

Et kéinten déi gréisst Demonstratioune bis ewell géint den Trump ginn. Mat Bruce Springsteen, Jane Fonda oder Maggie Rogers hunn och Prominenter sech ugemellt. A mam Iran-Krich, Präisser, déi klammen an dem brutale Virgoe vun ICE dierft d’Anti-Trump-Lager och weideren Zoulaf kréien.

Eng 3.000 Demonstratioune si geplangt a Milliounen Demonstrante gi sech erwaart, dat an alle 50 Staaten.

Déi Haapt-Protestaktioun ass zu Minneapolis, wou och de Bruce Springsteen säin ëmgeschriwwent Lidd “Streets of Minneapolis” séngt.

Back to Top
CIM LOGO