Fransous a russeschem PrisongEt kënnt nees Beweegung an de Fall Vinatier

AFP
RTL Lëtzebuerg
Wéi et vum Kreml heescht, hätt Frankräich e Virschlag fir Verhandlunge kritt.
© TATYANA MAKEYEVA/AFP

Et kënnt nees Beweegung an de Fall Vinatier, engem franséische Staatsbierger, deen a Russland inhaftéiert ass. De Spriecher vum Kreml Dimitri Pewskow huet en Donneschdeg wësse gedoen, dass Frankräich e Verhandlungsvirschlag am Fall Vinatier kritt hätt. De Macron weist sech zouversiichtlech, dass de Laurent Vinatier aus dem russesche Prisong kënnt. Am Oktober war den Aktivist zu dräi Joer Prisong verurteelt ginn, well hien Informatiounen iwwert dat russescht Militär soll gesammelt hunn, ouni sech fir d’éischt - wéi Russland et verlaangt - als “auslänneschen Agent” ugemellt ze hunn. Antëscht awer erhiewen déi russesch Autoritéiten weider Virwërf géint de Fransous, déi mat 20 weidere Joer am Prisong bestrooft kéinte ginn.

De Laurent Vinatier, dee fir déi Schwäizer ONG Zentrum fir humanitären Dialog am Asaz ass, hat a sengem Prozess ausgesot, datt hien net wousst, datt hie sech als “auslänneschen Agent” misst registéieren. De Vinantier, dee bei der ONG als Expert fir Russland an déi fréier Sowjetstaate gëllt, ass mat enger Russin bestuet.

No der rezenter Annonce, weist sech d’Famill vum 49 Joer ale Fransous “virsiichteg optimistesch”. Et hofft een, datt hien nach virum 7. Januar, also dem orthodoxe Chrëschtdag, fräigelooss gëtt, esou den Affekot vum Laurent Vinatier Frédéric Belot géintiwwer der AFP. En Austausch vu Prisonéier wier méiglech, hie wéilt sech awer just ganz “virsiichteg äusseren”. Et hätt een awer “vollt d’Vertrauen an déi franséisch Diplomatie, déi hiert Méiglechst mécht”. Dem Vinatier senger Mamm no geet et him gutt.

An de leschte Jore goufen ëmmer nees auslännesch Staatsbierger a Russland festgeholl. Westlech Staate werfe Moskau vir, auslännesch Staatsbierger als Geiselen ze huelen, fir si géint Russen, déi am Westen am Prisong sëtzen, auszetauschen.

Back to Top
CIM LOGO