
Den US-Ausseministère huet déi chineesesch Regierung dozou opgeruff, sech zréckzehalen. China sollt ophalen, de militäreschen Drock op Taiwan ze verstäerken. Amplaz sollte béid Länner an engem konstruktiven Dialog de Fridden an der Regioun stabiliséieren.
En Donneschdeg hate jo chineesesch Staatsmedien d’Aussoe vum taiwanesche President Lai als voll mat Ligen a Feindseelegkeete bezeechent, an och gemellt, datt esou Aussoen eng Konfrontatioun tëscht China an Taiwan géifen ustëften. Den Taiwanesche President Lai hat a senger Ried ugekënnegt, säi Land géint déi militäresch Ambitioune vu China verdeedegen ze wëllen. De chineesesche President Xi huet a senger Neijoerschried betount, datt China ee Recht op eng Vereenegung tëscht béide Länner hätt.