
Deemno wieren 283 Läichen um Terrain vun der Klinik fonnt ginn.
E Mëttwoch huet d’EU an deem Kontext eng onofhängeg Enquête gefuerdert. D’Situatioun géif d’EU zwéngen, eng onofhängeg Enquête vun alle Verdachtsmomenter an Ëmstänn ze fuerderen, sou de Spriecher vum EU-Aussebeoptragte Josep Borrell, Peter Pano.
Schonn en Dënschdeg haten d’Vereenten Natiounen an dësem Zesummenhang eng international Enquête gefuerdert. Den US-Kommissär fir Mënscherechter Volker Türk hat an enger Erklärung “onofhängeg, effektiv an transparent” Enquêtë verlaangt. Wéinst dem aktuelle “Klima vun der Stroffräiheet” an der Gazasträif missten iwwerdeems international Enquêteuren un den Ënnersichunge bedeelegt sinn.
D’israeelesch Arméi hat am Kader vun der Interventioun an der Gazasträif eng Partie Offensiven um Terrain vum Spidol duerchgefouert. Israel reprochéiert der Hamas jo, Spideeler als Basissen a Waffelageren ze benotzen an d’Zivilisten, déi sech an dësen ophalen, als Schutzschëlder ze mëssbrauchen.
Israel hat d’Aussoe vum palästinenseschen Zivilschutz zeréckgewisen an drop verwisen, dass dësen ënnert der Kontroll vun der Hamas steet.