
D’Zouloossung vum ëmstriddenen Herbizid Glyphosat soll enger Propos vun der EU-Kommissioun fir weider 10 Joer verlängert ginn. En entspriechend Dokument soll e Freideg den EU-Länner virgestallt ginn. Verschidde Konditioune sinn doranner allerdéngs virgesinn, dorënner Mesuren, fir méiglech Risiken ze miniméieren. D’Memberstaate mussen dëser Propos awer nach zoustëmmen, wat wuel Mëtt Oktober kéint passéieren.
Vun der grénger Europadeputéiert Tilly Metz kënnt awer schaarf Kritik un der Decisioun vun der EU-Kommissioun, déi den Herbizid viru fënnef Joer jo scho bal verbueden hat. Si kritiséiert dann och, datt d’Decisioun vun der Kommissioun géint eng rezent Etüd vun der europäescher Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet, déi weist, datt et kloer Indicë fir d’Geféierlechkeet vu Glyphosat gëtt, heescht et an engem Schreiwes vun der Tilly Metz. D’Deputéiert am EU-Parlament präziséiert dann och, datt Lëtzebuerg e Virreider wier, well ee gewisen huet, datt Landwirtschaft och ouni Glyphosat méiglech ass.
Glyphosat ass nach bis de 15. Dezember EU-Wäit zougelooss. Däitschland wëll d’Mëttel, dat Ëmweltorganisatiounen no grouss Gefore fir Mësch an Ëmwelt stellt, vun 2024 un net méi zouloossen.