Produiten aus der UkrainEU-Länner eenege sech op Deckelung fir zollfräi Agrar-Importer

RTL Lëtzebuerg
No deeglaangen Debatten hu sech d'EU-Länner op Restriktioune fir den zollfräien Import vu bestëmmten ukraineschen Agrarproduite gëeenegt.
© JAYKUB PORZCKI / ANADOLU AGENCY / Anadolu via AFP

Ënnert anerem hunn déi 27 Memberlänner decidéiert, d’Quantitéit un zollfräiem Gefligel, Eeër, Zocker, Mais, Hunneg an Huewer op den Niveau tëscht der zweeter Hallschent vum Joer 2021 an dem Joer 2023 ze deckelen. Weess fält net ënnert déi Deckelung.

Mat der vun der Kommissioun virgeschloener “Noutbrems” ginn d’Quantitéiten un Importer fir déi betraffe Wuere gedeckelt. Op Importatiounen, déi iwwert dee Seuil erausginn, soll nees Zoll bezuelt ginn.

Polen, Frankräich an Ungarn hate gefuerdert, esou Limitatiounen och fir Weess anzeféieren. Mat där Positioun konnte si sech awer beim erreechte Kompromëss net duerchsetzen. Allerdéngs konnte si sech beim Zäitraum fir d’Berechnung vum Plaffong duerchsetzen an dësen ëm déi zweet Hallschent vum Joer 2021 erweideren. 2021, virum russesche Krich, huet d’Ukrain e gutt Stéck manner Wueren an d’EU exportéiert. Duerch d’Erweiderung vum Zäitraum op déi zweet Hallschent vum Joer 2021 geet déi erlaabt Quantitéit fir zollfräi Importer däitlech erof.

Back to Top
CIM LOGO