Fir de KlimaschutzEU-Parlament stëmmt fir Sanéierung vu Gebaier a méi grouss Camionen

RTL Lëtzebuerg
D'EU-Parlament huet en Dënschdeg eng Richtlinn fir eng méi héich Energieeffizienz vu Gebaier gestëmmt.
© JUERGEN SCHWARZ DDP / ddp images via AFP

Dës gesäit méi streng Virschrëfte fir den Energieverbrauch vu Wunngebaier a fir d’Emissiounen an der Industrie vir. Domat soll den Energieverbrauch vun de Gebaier an der EU bis 2030 am Verglach mat 2020 ëm 16 Prozent erofgoen. Bis d’Joer 2035 soll et eng Baisse vun 20 bis 22 Prozent géigeniwwer 2020 sinn.

Anescht ewéi et an den urspréngleche Pläng vun der Kommissioun virgesi war, wäerten an der Richtlinn awer keng Mindeststandarde fir Wunngebaier festgehale sinn. Dat bedeit, dass et keng Sanéierungsflicht fir Wunngebaier mat enger schlechter Energiebilanz wäert ginn.

Iwwerdeems hunn d’EU-Deputéiert och e Gesetz iwwer Industrieemissiounen ugeholl. Vill Betriber aus der Industrie a Landwirtschaft ginn domat verflicht, manner klimaschiedlech Stoffer wéi zum Beispill Ammoniak oder Methan auszestoussen. Fir Baueren, déi Béischten ziichten, gëtt et allerdéngs eng Ausnam.

Éier déi nei Gesetzer a Kraaft trieden, mussen d’Memberstaate sech nach op dës eenegen.

Schliisslech huet d’Parlament och prinzipiell fir de transnationale Wuerentransport mat sougenannte Gigaliner gestëmmt, dat si Camionen, déi bis zu 25 Meter laang a bis zu 60 Tonne schwéier kënne sinn. An der deementspriechender Propositioun vun der EU-Kommissioun hat et geheescht, dass déi grouss Camionen dozou féiere géifen, dass insgesamt manner Camionen op de Stroosse wieren, wouduerch am Total Emissioune géifen agespuert ginn.
Ëmweltschützer warnen dogéint virun nach méi Trafic op de Stroossen.

Wat den Transport mat de Gigaliner betrëfft, mussen d’Parlament an d’Länner sech nach iwwert e Gesetzestext eens ginn.

Back to Top
CIM LOGO