Sträit ëm AsylreformEU-Staaten eenege sech op e Kompromëss

RTL Lëtzebuerg
Dem spuenesche Rotspresident no konnte sech d'Vertrieder vun den EU-Memberlänner op eng sougenannt "Kriseveruerdnung" eenegen.
© AFP

D’EU-Staaten hunn e Kompromëss fonnt fir eng Reform vun den Asyl-Reegelen an der europäescher Unioun, sou d’spuenesch Presidence. Knackpunkt war e Krisemechanismus. An Zukunft solle verschäerft Mesurë méiglech ginn, wa vill Flüchtlingen a Migrante mateneen an engem EU-Land ukommen.

Sträit gouf et notamment tëscht Däitschland an Italien wéinst der Roll vu privaten Organisatiounen, déi Flüchtlingen am Mëttelmier ophuelen an u Land bréngen. Déi riets Regierung an Italien wollt, datt Leit, déi duerch esou Rettungsasätz an Italie kommen, mat consideréiert kënne ginn, fir eng eventuell Krisesituatioun auszeruffen. De Paragraph, deen dat ausgeschloss hätt, steet elo just nach als Zousaz-Klausel am Text.

Back to Top
CIM LOGO