
Vun en Donneschdeg u wäerten déi europäesch Staats- a Regierungscheffen zwee Deeg laang iwwert den EU-Budget diskutéieren, dee fir d'Joren 2028 bis 2034 gëlle wäert. Och no de jéngste Propose vun der irescher Rotspresidence schéngt ee sech net eens ze sinn. Dem däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz no wieren déi Virschléi "keng Grondlag fir eng Eenegung".
Den EU-Rotspresident António Costa hat, grad esou wéi vill Memberstaaten, en Accord bis Enn des Joers ausginn. De Budget soll engersäits mat Zäiten op de Wee bruecht ginn. Anersäits stinn d'nächst Joer an enger Rei Länner Walen un, a Frankräich an a Polen zum Beispill, an et gëtt gefaart, dass e Wiessel un der Spëtzt vun deene Länner méiglecherweis zu Retarde féiere kéint am Fanne vun enger Léisung.
D'Positioune si relativ eendeiteg. Op der enger Säit stinn déi sougenannt "frugals" (déi Spuersam), wéi Däitschland, Éisträich, Holland, Finnland, Dänemark a Schweden, déi sech awer selwer als "Moderniséierer" gesinn. Op der aner Säit sinn et d'"Frënn vun der Kohäsioun", 16 Länner, déi fir e grousse Budget an d'Erhale vun Agrar- a Regionalpolitik sinn, dorënner Italien, Spuenien a Polen.
D'EU-Kommissioun hat leschte Summer e Kader vu knapp zwou Billiounen Euro fir den zukünftege Budget virgeschloen. Leschte Weekend war et aus Irland de Virschlag vun engem Budget, deen 140 Milliarden Euro méi kleng ass - de sechs "frugals" awer nach ëmmer ze grouss. Si hunn drop higewisen, dass si zesumme bal 40 Prozent vun de gesamte Bäiträg vun de Memberstaaten droen. Kritik gouf et virun allem dorun, datt Irland däitlech manner Geld wëllt virgesi fir den neie Fong fir Kompetitivitéit.
Entscheedend Fortschrëtter gi sech dës Woch net erwaart zu Bréissel, wann déi verschidde Virstellunge vum nächste Budget openaner wäerten treffen. De Rotspresident Costa wäert duerno awer warscheinlech schonn e méi kloert Bild hunn a versichen, verschidde Raim fir méiglech Kompromësser ze fannen.
Weider Sujete wäerten d'Handelsbezéiungen zu China an d'EU-Erweiderung sinn.