
Dëse Méindeg sinn d'EU-Ausseministere fir e Conseil zu Lëtzebuerg. Am Fokus vun der Reunioun stinn den Ukrain-Krich an nei Sanktioune géint Russland. Awer och déi rezent Annonce vum US-President Donald Trump, fir russeschen Diesel ze kafen.
Ronn 1.600 Persounen an Organisatioune si vun den neie Sanktioune betraff, déi déi Europäesch Unioun wéinst dem Ukrain-Krich géint Russland decidéiert huet. Konkret Konsequenze sinn zum Beispill, datt déi betraffe Persounen net méi an d'EU areesen dierfen an Deeler vun hirem Verméigen agefruer ginn. D'EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas gouf virum Conseil gefrot, firwat ee weider u Sanktioune festhale géing, wann déi dach net wierklech eppes brénge géingen. Dee Constat deelt déi estesch Politikerin awer net.
"Mir gesinn eng grouss Wierkung. Duerch d'Sanktiounen huet Russland 1 Billioun Euro verluer, déi net an d'Finanzéierung vum Krich fléissen. Och eist Virgoe géint déi russesch Schattenflotte mécht et hinne vill méi schwéier, dee Krich ze finanzéieren. Jo, natierlech si si kreativ, wann et drëm geet, Weeër ze fannen, fir laanscht d'Sanktiounen ze kommen, mee mir sinn och ganz flexibel, fir ëmmer rëm neier en place ze setzen."
E Freideg hat den US-President Donald Trump no engem Gespréich mam russesche President Wladimir Putin jo annoncéiert, datt Russland direkt méi wéi 300.000 Tonnen Diesel fir d'USA an de Weltmarché zur Verfügung stelle géing, an datt spéider weider Liwwerungen nokomme sollen. Datt déi Decisioun bei den Europäer guer net gutt ukënnt, huet den däitsche Staatsminister fir Europa Gunther Krichbaum nach eng Kéier ënnerstrach.
"Jeder Euro, jeder Dollar, der hier durch Energiekäufe in die Kasse von Putin, in die Kasse von Russland gespühlt wird, wird dazu dienen, dass Russland diese Vermögen, dieses Geld dazu nutzt, um neue Waffen gegen die Ukraine produzieren und einsetzen zu können. Insoweit gehen wir hier einen anderen Weg, hoffen aber auch im gegenseitigen Dialog, dass wir hier zu einer Lösung kommen. Unser Weg ist ein anderer und deswegen teilen wir das nicht."
Et gouf awer och iwwert d'Decisioun vun den USA geschwat, fir Sanktioune géint den internationale Strofgeriichtshaff en place ze setzen. De belschen Ausseminister Maxime Prévot huet eng kloer Reaktioun vun der Europäescher Unioun gefuerdert.
"Vous savez que la Belgique est de longue date une défenseuse de cettes institutions et donc condamne très lourdement les sanctions qui ont été décidées à son encontre par les États-Unis d'Amérique. C'est la raison pour laquelle je souhaitais, avec mes collègues hollandais, qu'un point soit inscrit à l'ordre du jour aujourd'hui, demandant notamment que la commission alors enclenche les analyses nécessaires pour activer le blocking-statute, je pense que c'est vraiment indispensable."
Et misst een d'Onofhängegkeet vun internationale Geriichtsinstanzen erhalen, well soss d'Gefor bestoe géing, datt d'Stäerkt vum Recht nees duerch d'Recht vum méi Staarken ersat gëtt.
An da ginn et nach Berodungen iwwert eng nei UN-Missioun am Libanon, déi awer méi kleng wéi déi aktuell UNIFIL ausfalen a sech wuel reng op d'Ausbildung beschränken dierft.