
Als Reaktioun op den Doud vum russeschen Oppositionellen Alexej Nawalny, deen an engem russesche Stroflager gestuerwen ass, hunn d’Ausseminister vun den EU-Memberstaate Sanktiounen decidéiert. Wéi déi Däitsch Presseagence vun Diplomate confirméiert krut, viséieren d’Mesurë Vertrieder vun der russescher Justiz.
De Kremlkritiker, deen a Russland zu enger laanger Prisongsstrof verurteelt gi war, ass Mëtt Februar dëst Joer am Stroflager a Sibirien gestuerwen. Moskau no ass den Oppositionelle bei engem Trëppeltour am Haff vum Prisong zesummegebrach.
Obwuel déi genee Ëmstänn vum Doud vum schäerfste Kritiker vum russesche President zwar nach ëmmer net gekläert sinn, maachen d’EU-Memberstaaten de Putin an déi russesch Autoritéite fir den Doud vum Politiker responsabel. D’Wittfra vum Nawalny geet souguer dovun aus, datt hire Mann ëmbruecht gouf.
D’Sanktioune sollen der dpa no mat engem speziellen Instrument fir d’Bestrofung vu schwéiere Mënscherechtsverstéiss verhaange ginn. Ënnert anerem dierfen déi betraffe Persounen net méi an d’Europäesch Unioun areesen a keng Geschäfter méi mat EU-Bierger maachen. Doriwwer eraus ginn hir Konten a Verméigenswäerter, déi an der EU sinn, agefruer. De Sourcë vun der Däitscher Presseagence no soll eng zweestelleg Zuel vu Vertrieder vun der russescher Justiz vun de Sanktioune betraff sinn. No engem formelle Beschloss zu de Mesurë wäerten d’Nimm vun de Betraffenen an den nächsten Deeg um Site vun der EU publizéiert ginn.
Den EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell wëll d’Instrument fir d’Bestrofung vu schwéiere Mënscherechtsverstéiss souguer nom Alexej Nawalny benenne loossen. Dat fir d’Undenken un de Kremlkritiker.
Fir d’lescht hat d’EU fir den zweete Joresdag vum Krich an der Ukrain nei Sanktioune géint Russland decidéiert.
Zu Bréissel hunn d’EU-Ausseminister e Méindeg iwwerdeems an enger Deklaratioun den Oflaf vun de russesche Presidentschaftswale schaarf kritiséiert. Wéi et am Schreiwes heescht, wier déi systematesch Repressioun weider verschäerft ginn, andeems mat repressive Gesetzer Oppositiounspolitiker an onofhängeg Medien monddout gemaach gi waren. Den Doud vum Nawalny wier e schockant Beispill dofir gewiescht, schreiwen d’Ausseminister. Weider heescht et, datt déi russesch Wieler kee wierkleche Choix gehat hätten.
Am Schreiwes annoncéiert d’EU weider Konsequenzen no de Walen, bei deenen de russesche President op en offiziellt Resultat vu 87% komm war.