
Wéi hien e Mëttwoch an engem Schreiwes matdeelt, géif eng Fortsetzung vum Asaz d’Relatiounen tëscht Israel an der Unioun staark belaaschten. Déi katastrophal humanitär Situatioun an der Gazasträif dierft sech net weider verschäerfen.
D’Militäroperatioun zu Rafah géif d’Verdeelung vun Hëllefsgidder an der Regioun erschwéieren, wat zu weidere Verdreiwungen, Hongersnéit a mënschlechem Leed géif féieren. Weider heescht et am Schreiwes, dass sech den Ament iwwer eng Millioun Zivilisten an a ronderëm Rafah géifen ophalen. D’Gebidder, an déi si sech virun den Ugrëffer vum israeelesche Militär a Sécherheet brénge sollen, wieren de Vereenten Natiounen no net sécher.
D’EU géif d’Existenzrecht vun Israel unerkennen, misst sech awer un dat humanitäert Vëlkerrecht halen a fir d’Sécherheet vun der Zivilbevëlkerung suergen, sou de Borrell.