Blois a FrankräichFra gëtt op Kiermes aus Spill geschleidert a stierft kuerz drop

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass dat Ganzt am Zentrum vu Frankräich, zu Blois.
© afp

D’Fra vu 27 Joer koum kuerz drop an d’Spidol, ma huet déi uerg Blessuren awer net iwwerlieft. Geschitt ass de Virfall e Samschdeg den Owend. E Mann, deen d’Spill besëtzt a bedreift, gouf festgeholl a koum an Untersuchungshaft, déi och scho verlängert gouf, sou de Parquet zu Blois.
D’Affer soll déi üblech Sécherheetsmesurë respektéiert an och d’Ofspärung ubruecht hunn, fir d’Passagéier u Bord ze halen. E Video, dee wärend der Tournée opgeholl gouf, géif elo analyséiert ginn, heescht et säitens dem Parquet.

Beim Spill selwer soll et sech ëm eng Attraktioun mat Waggonen handelen, déi sech dréien, dat an der Thematik vun der NFL. 2-3 Leit solle Plaz a sou engem Waggon hunn. E Sonndeg gouf d’Kiermes komplett zougemaach.

A Frankräich ass et an de leschte Joren ëmmer nees zu déidlechen Accidenter op Kiermesse komm.

Back to Top
CIM LOGO