Vun e Sonndeg unFrankräich verbitt Fëmmen a Parken an op Plagen

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich ass et vun e Sonndeg u verbueden, a Parken oder op Plagen ze fëmmen.
© Fotografierende / Unsplash

Den entspriechenden Dekreet gouf e Samschdeg offiziell vun der Regierung publizéiert. Deemno dierf och op enger Partie anere Plazen net méi gefëmmt ginn. Dozou ziele Schoulen, Busarrêten, Schwemmen an ëffentlech Gäert. Bei Verstéiss dreet eng Geldstrof vun 135 Euro.

Mam Gesetz solle virun allem Kanner geschützt ginn - souwuel virum Passivfëmme wéi och virum Ufänke vum Fëmmen am jonken Alter. Net betraff sinn d’Terrasse vu Restauranten oder Caféen, do ka weider gefëmmt ginn. Och E-Zigarette ginn am Dekreet net genannt.

Schätzunge vun Experten no ass Tubakkonsum pro Joer fir 75.000 Doudesfäll a Frankräich responsabel a verursaacht Käschten an Héicht vun 156 Milliarden Euro. Och Passivfëmmen ass geféierlech a responsabel fir 5.000 Doudesfäll d’Joer.

Back to Top
CIM LOGO