
Dat mellt déi franséisch Noriichtenagence AFP a berifft sech dobäi op Sourcen, déi mam Fall vertraut wieren. Dat am Zesummenhang mat enger Schossverletzung, wéinst där de Girac zu Bordeaux hospitaliséiert gouf. E Méindeg hat hien an dësem Zesummenhang dovu geschwat, dass de Schoss sech aus Versinn aus der Waff geléist hat.
Wéi et vun de Sourcen heescht, géifen d’Enquêteuren den Ament dovun ausgoen, dass keng drëtt Persoun bedeelegt war, wéi de Sänger blesséiert gouf. Ausserdeem soll de Girac zum Zäitpunkt vum Tëschefall staark alkoholiséiert gewiescht sinn.