UkrainFriddensverhandlungen dierften an den nächsten Deeg gutt weiderkommen, esou de Selenskyj

RTL Lëtzebuerg
Dat sot den ukrainesche President senger Populatioun en Donneschdeg an engem Video-Message.
© DANYLO ANTONIUK/NurPhoto via AFP

Den ukrainesche President Selenskyj ass zouversiichtlech, datt d’Verhandlunge fir ee Fridden am Ukrain-Krich an den nächsten Deeg ee gutt Stéck wäerte viru kommen. Dat sot den ukrainesche President senger Populatioun en Donneschdeg an engem Video-Message. Politesch wier alles preparéiert, elo misst een nach d’Detailer vun de Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain klären. Fir e Samschdeg ass zu Krediev ee gréissert Treffen tëscht nationale Sécherheetsberoder aus 15 Länner geplangt, donieft sinn och Vertrieder vun der EU an der NATO sur place mat dobäi. Déi amerikanesch Delegatioun ass iwwer eng Videokonferenz bäigeschalt.

Back to Top
CIM LOGO