
Israel ass iwwerdeems weiderhin net bereet fir eng generell Waffepaus. Soulaang d’Hamas hir Geiselen net fräi léisst, géif een och net méi mat sech schwätze loossen, sot en Dënschdeg de Benjamin Netanjahu. D’Arméi wier mëttlerweil dann och an den Zentrum vu Gaza-City virgedrongen oder wéi den israeeleschen Verdeedegungsminister et nennt: déi gréissten Terror-Basis op der Welt.
Iwwerdeems mellt den Internationale Comité vun der Croix Rouge, dass en Hëllefskonvoi vun hinne schonn nees beschoss ginn ass. Zwee vu 5 Camione wier e beschiedegt an eng Persoun och getraff ginn. Den IRK nennt net, wie soll geschoss hunn. Ee weidere Mataarbechter vun Médecins sans frontières wier e Méindeg iwwerdeems duerch eng israeelesch Loft-Attack gestuerwen.
Dernieft hunn d’G7 och d’nordkoreanesch Waffeliwwerungen u Russland staark verurteelt. An ënnerstrach, datt ee weider ferme hannert der Ukrain géif stoen.