
E Samschde Moie fréi, kuerz no 3 Auer, war bei der saarlännescher Police en Noutruff agaangen, dass op der A8, op der Héicht vu Perl, e Falschfuerer ënnerwee wier. Dëse war de verkéierte Wee op der Stroossesäit a Richtung Lëtzebuerg gefuer. Mindestens vun der Opfaart Perl u war also d’Gefier mat belsche Placken an Direktioun Merzig ënnerwee gewiescht.
De Verkéier op der A8 a Richtung Lëtzebuerg gouf doropshin, fir de Schutz vun den aneren Automobilisten, duerch zwee Kommandoe vun der Polizeiinspektion Merzig méi lues gemaach, an d’Beamte sinn dem Geeschterfuerer entgéint gefuer, deen dunn tëscht dem Rastplatz Weiler an der Opfaart Schwemlingen op se duerkoum.
Trotz bloe Luuchten an eendeitege Stopp-Signaler war den Automobilist awer op der Iwwerhuelspuer laanscht den éischte Policewon gefuer. Déi zweet Patrull konnt de Geeschterfuerer dunn awer stoppen an um Weiderfueren hënneren.
Hannert dem Steierrad souz e 75 Joer ale Mann vun Oochen, dee wéi et schéngt, duerchernee war. Éischten Ermëttlungen no kéint eng kardiologesch Ursaach, op d’mannst zum Deel, hannert sengem Fuerverhale stiechen. Hie koum mat enger Ambulanz an d’Spidol. D’Ermëttlunge sinn opgeholl ginn, an de Parquet vu Saarbrécken huet dem Mann säi Permis agezunn.
Zeien oder Automobilisten, deenen de Falschfuerer entgéint komm ass, oder déi Informatioune liwwere kënnen iwwert dem Mann säi Fuerverhalen, si gebiede sech bei der Polizeiinspektion Merzig ze mellen um +49 6861-704-0.