Josep Borrell fuerdert, Recht ze garantéierenGeorgesch Police ass mat Gewalt géint friddlech Maniff virgaangen

RTL Lëtzebuerg
A Georgien huet d'Police Tréinegas, Gummiskugelen a Waasserkanoune géint Demonstranten agesat, déi géint dat ëmstriddent Spionagegesetz protestéieren.
© Mirian Meladze / Anadolou via AFP

Wéi et vun der franséischer Noriichtenagence AFP heescht, hätt ee vun hire Reporter en Dënschdeg observéiert, wéi Policebeamte mat Gewalt géint déi friddlech Demonstratioun virgaange wier, un där Dausende Leit Deel geholl hätten. Och eng Rei Journaliste wieren attackéiert ginn. De Chef vun der gréisster Oppositiounspartei huet misse medezinesch versuergt ginn, op lokale Fernseesender goufe Biller vu sengem Gesiicht gewisen, op deenen him Zänn feelen.

D’Demonstratioun goung trotzdeem bis spéit an d’Nuecht virun. Den EU-Aussebeobtraagte Josep Borrell huet d’Gewalt géint friddlech Demonstrante schaarf condamnéiert. An engem Message op X huet hien un den EU-Bäitrëttskandidatestatus vu Georgien erënnert an d’Regierung opgefuerdert d’Recht op friddlech Versammlung ze garantéieren. De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel hat gëschter nach eng Entrevue mat senger georgescher Homologin um Bord vun engem Treffe vun den EU-Chefdiplomaten. De Xavier Bettel hätt an deem Kontext ënnerstrach, wéi wichteg et wier datt d’georgesch Regierung déi néideg Reforme fir en EU-Bäitrëtt ëmsetzt, heescht et an engem Communiqué gëschter Owend.

Back to Top
CIM LOGO