
Enger Expertis vum Europäesche Geriichtshaff (EuGH) no mussen EU-Länner eng Geschlechtsännerung unerkennen, wann dës an engem anere Memberstaat vun der EU gemaach gouf. Wéi den zoustännege Procureur général, de Jean Richard de la Tour, en Dënschdeg zu Lëtzebuerg argumentéiert, géing e Refus vun der Unerkennung géint d’Rechter vun de Bierger verstoussen. Wat d’Unerkennung fir de Mariage zum Beispill géing ugoen, wier awer dem jeeweilege Land iwwerlooss.
E Geriicht a Rumänien hat den EuGH no senger Expertis vum EU-Recht gefrot, well een am Fall vun engem Transmann huet mussen urteelen, deen no senger Gebuert a Rumänien als weiblech registréiert gi war. Nodeems den Transmann a Groussbritannien geplënnert ass, wou en och déi brittesch Nationalitéit ugeholl huet, huet hien do 2017 säi Virnumm a seng Uried vu weiblech op männlech ännere gelooss.
2020 war seng männlech Geschlechtsidentitéit a Groussbritannien unerkannt ginn. Mat enger Bescheinegung an de britteschen Dokumenter huet de Mann dunn am Mee 2021 a Rumänien ugefrot, säi Gebuertsschäin änneren ze loossen an nei auszestellen. Déi rumänesch Autoritéiten hunn dës Demande awer refuséiert an drop gepocht, datt hie fir d’éischt a Rumänien duerch eng Prozedur viru Geriicht misst, fir datt och do d’Geschlechtsännerung unerkannt gëtt.
D’Geriicht zu Bukarest, bei deem de Mann säin Uleies virgeluecht huet, huet beim Europäesche Geriichtshaff doriwwer eraus och ugefrot, ob de Brexit an där Affär och eng Roll géing spillen. Dem Procureur général vum EuGH no wier dat awer net de Fall, well d’Geschlechtsännerung virum Brexit geschitt an nach wärend der Iwwergangszäit ugefrot gi wier. Déi brittesch Dokumenter wieren deemno als Dokumenter vun engem EU-Staat unzegesinn.
D’Expertis vum Jean Richard de la Tour ass allerdéngs nach keen Urteel. Ma déi europäesch Riichter orientéiere sech dacks awer un den Avisen. Wéini d’Urteel an der Affär geschwat gëtt, ass nach net gewosst.