Direkter vun MSF Lëtzebuerg"Gesondheetssystem an der Gaza-Regioun ass amgaangen, zerstéiert ze ginn"

Maxime Gillen
Tim Morizet
Déi israeelesch Arméi huet e Méindeg weider Attacken op Ziler an der Gazasträif lancéiert. Dobäi stoung virop d'Grenzstad Rafah am Süden am Viséier.
Gesondheetssystem an der Gaza-Regioun ass un der Limitt
De Krich huet katastrophal Konsequenze fir déi palästinensesch Populatioun.

De Weekend iwwer waren déi israeelesch Truppen och um Buedem an der Stad am Asaz. Virdrun hate si d’Leit opgeruff, sech baussent Rafah a Sécherheet ze bréngen. Déi humanitär Situatioun an der Gazasträif gëtt ëmmer méi dramatesch an d’Aarbecht vun den Hëllefsorganisatiounen op der Plaz gëtt immens limitéiert.

D’RTL-Journalistin Maxime Gillen krut Temoignagë vun der Plaz. Effektiv huet ënnert anerem Médécins Sans Frontières nach ëmmer Leit an der Gaza-Regioun am Asaz. Si mussen allerdéngs eng medezinesch Infrastruktur no där anerer raumen an d’Leit evakuéieren, well d’Situatioun ze onsécher gëtt.

Eng Situatioun, déi net nëmme physesch eng grouss Erausfuerderung ass, wéi de Responsabele fir mental Gesondheet vun MSF, Davide Musardo, an engem Message vun e Samschdeg beschreift:

Davide Musardo, Responsabele fir mental Gesondheet vun MSF

“Mir hunn ugefaangen, d’Leit ze evakuéieren, well mir wëllen, dass si op eng sécher Plaz ginn, zesumme mat hirer Famill. Dat huet natierlech Auswierkungen op d’Stëmmung. Mir gesinn d’Leit kräischen, wéi Kanner wéinst hire Blessure Schwieregkeeten hunn ze goen, a wéi hir Famille sech immens Suerge maachen, wat si solle maachen a wou si sollen higoen. Dat betrëfft jiddereen. D’Stëmmung ass immens schlecht. An et gëtt Angscht. Vill Angscht.”

De Grenzpassage zu Rafah ass bis op Weideres komplett zougemaach ginn. Fir d’Zivilpopulatioun bedeit dat, dass déi wéineg Hëllef, déi bis ewell erakoum, elo och net méi ukënnt. An dat wier katastrophal, esou den Direkter vun MSF Lëtzebuerg, Thomas Kauffmann.

Thomas Kauffmann, Direkter vun MSF Lëtzebuerg

“De Gesondheetssystem an der Gaza-Regioun ass amgaangen, komplett zerstéiert ze ginn, an dat op engem Ament, wou d’Besoinen explodéieren.” Dat hätt katastrophal Konsequenze fir déi palästinensesch Populatioun. Dat Allerwichtegst fir si ass deemno eng Wafferou.

Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu hält, trotz dem massiven internationalen Drock, u senge Pläng vun enger grousser Buedemoffensiv zu Rafah fest. Israel geet dovun aus, dass Rafah déi lescht Bastioun vun der radikalislamescher Hamas ass. Donieft wéilt d‘Arméi weider Geiselen do fannen.

D’USA, déi Israel bis ewell massiv ënnerstëtzt hunn, fuerderen de Benjamin Netanjahu awer antëscht ëffentlech op, net a Rafah anzemarschéieren. D‘US-Regierung hätt nämlech fir d’éischt gären e kloren a kredibele Plang vun Israel, wéi d’Ziviliste solle geschützt ginn. Genee wéi e Plang, wéi et duerno soll do virugoen.

Esou en Asaz kéint an enger éischter Phas erfollegräich sinn, ma hätt enorm héich Käschte fir d‘Zivilpopulatioun a wier warscheinlech och net nohalteg, esou den US-Ausseminister Antony Blinken de Weekend an engem Interview. Et géif een nämlech an aneren Deeler vun der Regioun gesinn, dass d‘Hamas zwar verdriwwe gouf, ma direkt erëmkënnt, wann déi israeelesch Truppe bis fort sinn. Deen Ament géif nämlech e Vakuum entstoen, mat vill Chaos an Anarchie, an dee géif dann erëm vun der Hamas gefëllt ginn, esou d’Ausso vum US-Ausseminister.

Back to Top
CIM LOGO