Streck tëscht Iechternacherbréck a Bollenduerf gespaartGroussbrand an Handwierkerzenter OT Weilerbach

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police vu Bitburg matdeelt, steet den Handwierkerzenter OT Weilerbach déi aner Säit vun der Grenz den Ament komplett a Brand.
Den Handwierkerzenter OT Weilerbach zu Bollenduerf huet den 13. Mee 2026 gebrannt.
Den Handwierkerzenter OT Weilerbach zu Bollenduerf huet den 13. Mee 2026 gebrannt.
© Mobile Reporter

D'Feier ass der Police no e Mëttwoch am spéiden Nomëtteg ausgebrach. D'Pompjeeë sinn op der Plaz, fir d'Feier ze läschen.

An deem Kader ass aktuell d'L1 tëscht Bollenduerf an Iechternacherbréck ganz gespaart.

D'Awunner goufen iwwer de System MoWaS iwwer méiglech Geforen informéiert.

Wéi de Spriecher vum CGDIS, de Cédric Gantzer, op Nofro hi confirméiert, wier ee Läschwon vu Bäerdref als Lëtzebuerger Renfort iwwer d'Grenz geschéckt ginn.

Groussbrand an Handwierkerzenter OT Weilerbach
Zu Bollenduerf ass e Mëttwoch de Mëtteg e Feier an engem Handwierkerzenter ausgebrach.

Back to Top
CIM LOGO