
Dem Verdeedegungsministère no solle mat deem neie Programm an enger éischter Phas ronn 150 Jonker ënner 25 Joer eng bezuelten Ausbildung vun engem Joer kënne maachen. Wann dëse Pilotprojet erfollegräich ass, sollen d’Kapazitéiten op iwwer 1.000 Plazen erweidert ginn. Duerch dëse fräiwëllege Militärdéngscht soll déi brittesch Arméi personaltechnesch besser opgestallt ginn.