
Well de Virus sech erëm ausbreet, hunn d’Autoritéiten déi héchsten Alerte ausgeruff. D’Butteker bleiwen trotzdeem op an och Evenementer ginn net verréckelt.
Schonn am Abrëll gouf et trotz engem landeswäiten Ausnamezoustand a Japan keng Ausgangsspären oder änlech strikt Verbueter wéi an anere Länner.
De japanesche Regierungschef Shinzo Abe huet den Etat de crise Enn Mee erëm opgehuewen. Dono ass d’Zuel vun de confirméierten Neiinfektiounen allerdéngs erëm geklommen an dat virun allem zu Tokio.
Den Autoritéiten no sinn déi meescht Leit, déi sech mam Virus infizéieren, tëscht 20 a 40 Joer al.
A Japan goufe bis ewell 22.500 Infizéierter registréiert a knapp 1.000 sinn un de Suitte vum Virus gestuerwen. An de leschten 3 Woche gouf keen neien Doudesfall méi gemellt.
