Solidaritéit mam StaatschefHonnerten Demonstrante marschéiere fir den Jair Bolsonaro

RTL Lëtzebuerg
Zanter 2 Wochen ass de brasilianesche President a Quarantän, well hie sech mam Coronavirus infizéiert huet.

Fir hien ze ënnerstëtzen, hunn e puer honnerte Leit an der Haaptstad Brasília hir Solidaritéit gewisen, andeems si op d’Stroosse gaange sinn. Mam brasilianesche Fändel si si duerch d’Regierungsvéierel gezunn an hate Biller vum President dobäi gehat, op deene stoung: “Mir stinn hannert dem Bolsonaro!”.

Vill Participanten hate wärend der Demonstratioun e Mask hunn, eng grouss Zuel Demonstranten haten hire Mond an Nues awer net bedeckt. Viru senger Infektioun hat sech de President ëmmer nees mat sengen Unhänger getraff an dobäi d’Sécherheetsmesuren net respektéiert. Hien huet net nëmmen op de Mondschutz verzicht, mä och ville Leit d’Hand ginn a verschiddener esouguer ëmäerbelt.

Dem 65 Joer ale Staatschef geet et den Ëmstänn entspriechend gutt. Hie gouf ëmmer nees hefteg fir den Ëmgang mat der Pandemie a sengem Land kritiséiert. An der Vergaangenheet huet hie Covid-19 als “kleng Gripp” bezeechent.

Weltwäit ass Brasilien ee vun de Länner, déi am schlëmmste vun der Epidemie getraff goufen. Iwwer 2 Millioune Persounen hu sech offiziellen Zuelen no mam Virus infizéiert, eng 80.000 Doudesaffer goufe bis ewell gemellt.

Back to Top
CIM LOGO