
A Frankräich ass et de Weekend queesch uechter d'Land zu Protester komm, déi op ville Plazen eskaléiert sinn. De President Emmanuel Macron huet e Sonndeg den Owend annoncéiert, datt ee vis-à-vis vu Gewalt keng Toleranz weise géing. Ma wéi geet et lo konkret virun?
Vu Säite vun den Demonstrante geet et spéitstens e Samschdeg virun, fir deen Dag hunn d'Gillets jaune nämlech zu den nächste Manifestatiounen opgeruff. Am Fong hat et jo mat Protester vu Schüler a Studente géint d'Situatioun an de Schoulen an am Educatiounssystem am Allgemengen ugefaangen, mee mëttlerweil geet et ëm eng ganz Partie vu soziale Mëssstänn. Domadder hätt een och kee Problem, mee dat géing keng Gewalt, weder géint Mënschen nach géint Geschäfter oder ëffentlech Gebaier, rechtfäerdegen, esou de franséische President Emmanuel Macron bei senger Usprooch e Sonndeg den Owend. Zanter 10 Auer e Méindeg de Moien ass eng Cellule de crise ënnert der Leedung vum Premier Sébastien Lecornu beieneen, fir doriwwer ze beroden, wéi een de Geschäftsleit, deenen duerch d'Protester ee Schued entstanen ass, hëllefen a wéi een änlech Situatiounen an Zukunft verhënnere kann. Den Inneminister Laurent Nuñez hat dem Macron e Sonndeg säi Récktrëtt ugebueden, dat mat der Begrënnung, datt hien d'Dimensioun vun de Protester am Virfeld ënnerschat gehat hätt. De President huet dat refuséiert an elo sicht de Laurent Nuñez no Weeër, fir der Situatioun Meeschter ze ginn. Wéi hien e Méindeg de Moie bei France Inter gefrot gouf, ob den État d'urgence eng Optioun wier, war et dës Äntwert:
"L'état d'urgence est toujours une hypothèse à la main du gouvernement, en cas de ménace grave, des périls imminents, voilà il y a des conditions juridiques. Pour l'instant on n'est pas dans cette situation, mais le président de la république a rappelé, ce qui étaient les pouvoirs des polices administratives des préfets, qui ont droit quand même, avant même de parler d'état d'urgence, nous disposons d'un certain nombre de prérogatives, qui permettent par exemple d'interdire des manifestations."
Zu Marseille huet d'Verwaltung dann och vun där Méiglechkeet Gebrauch gemaach a fir e Méindeg ee Verbuet vu Versammlungen an Demonstratiounen tëscht 12 Auer mëttes an 20 Auer owes decidéiert.
D'Kritik, datt d'Sécherheetsautoritéiten e Sonndeg deels ze haart intervenéiert wieren an et friddlechen Demonstranten onméiglech gemaach hätten, fir ze manifestéieren, huet den Inneminister iwwerdeems kloer zeréckgewisen.
"On peut pas raconter n'importe quoi quand même. Les 550.000 manifestants ont pu manifester, y compris à Paris, parce qu'ils y avaient les forces de sécurité intérieur. Qu'il y a eu des débordements, qui n'ont pas été suffisamment contenus, c'est mon problème, c'est ma responsabilité, mais on peut pas dire, que ces gens n'ont pas pu manifester normalement, y compris à Paris. J'en ai marre d'entendre dire, que sur la place de la république les forces de la sécurité intérieur sont intervenues, si le préfet de la police a du donner la force sur la place de la république, c'est parce qu'ils y avaient des casseurs, des individus cagoulés, qui sont s'en pris aux forces de l'ordre immédiatement et ont du déplacer le départ du cortège pour qu'il puisse partir et la manifestation a eu lieu, elle s'est déroulée dans des conditions paisibles, parce qu'ils y avaient les forces de sécurité intérieure."
Et misst een d'Saache beim Numm nennen an et wier nu emol esou, datt deels bewosst probéiert gi wier, Polizisten ëmzebréngen.
D'Protester an den Ëmgank domadder kéinten deemno wéi och en Thema am Walkampf dat nächst Joer ginn. Den Emmanuel Macron gëtt virop der "La France insoumise" vum Jean-Luc Mélenchon eng Matschold un der Eskalatioun. De Mélenchon kritiséiert sengersäits d'Regierung, well dës mat Gewalt géint d'Demonstrante virgoe géing.