EurobarometerInteressi un Europawale klëmmt am Verglach zu 2019

RTL Lëtzebuerg
Knapp 2 Méint virun den Europawalen huet d'EU-Parlament e Mëttwoch d'Resultater vum neisten Eurobarometer verëffentlecht.
© AFP/EMMANUEL DUNAND

An deem Sondage hu méi wéi 8 vun 10 Europäer uginn, bei den Europawale seng Stëmm ofzeginn, wier ëmsou méi wichteg wéinst der aktueller geopolitescher Situatioun. Den Interessi fir un de Wale vum 6. bis den 9. Juni deelzehuelen, läit och mat 60% 11 Prozentpunkte méi héich wéi ëm déi selwecht Zäit virun de leschte Walen 2019.

Verdeedegung a Sécherheet sinn Themen, déi méi wichteg gi sinn. D’Wieler maache sech awer och Gedanken ëm de Kampf géint Aarmut an ëffentlech Gesondheet. D’Lëtzebuerger Wieler sinn der Europäescher Unioun weider méi positiv agestallt wéi d’Moyenne. Zum Beispill fannen 73 Prozent vun de Lëtzebuerger, datt d’EU-Parlament eng méi wichteg Roll soll spillen an Zukunft, awer just 56 Prozent vun de Bierger an der ganzer Unioun. 75 Prozent vun deenen, déi gefrot goufen, hunn uginn, datt si warscheinlech oder ganz warscheinlech hir Stëmm wäerten ofginn.

Hei am Land gëtt den 9. Juni gewielt, 13 Parteien hu Lëschten opgestallt.

Back to Top
CIM LOGO