
Wéi bekannt gouf, sollen d’Studenten, déi hir Coursë just nach online dierfe maachen, d’Recht op hire Visa verléieren. D’Decisioun stéisst op vill Kritik säitens der Politik an den Akademiker.
Der ICE, der US Immigration and Customs Enforcement, no kéinte Studente souguer deportéiert ginn, wa se net op Universitéite wiesselen, déi Coursen am Klassesall ubidden.
Eng Rei amerikanesch Universitéiten, ewéi och d’Havard University zu Cambridge, haten annoncéiert, hir Coursë vun der nächster Rentrée u just nach digital unzebidden. Dat och well just eng ganz limitéiert Zuel vu Schüler dierf um Campus wunnen.
Betraff si Studente mat engem F-1- an M-1-Visa. Wéi vill Persoune vun dëse Mesurë betraff wäerte sinn, ass nach onbekannt.
