
Um Donneschde de Moie kënnt een net op d’Internetsitte vu La Poste a vun der Banque Postale. Béid Säite sinn Affer gi vu Cyberattacken, puer Deeg no engem änlechen Ugrëff, deen de Suivi vun de Colise virun de Feierdeeg gestéiert hat.
Um 3.30 Auer wier den Tëschefall constatéiert ginn. Nieft dem Suivi vun de Colisen ass och de gesécherte Coffre-fort Digiposte net accessibel. Fir online ze bezuelen, kann een de Moment net iwwer d’App fueren, mee via Authentifikatioun per SMS. Geldautomate wieren net vum Cyberugrëff betraff, heescht et vun der franséischer Post.
Déi éischt Attack, déi deeglaang gedauert hat, war vun engem pro-russesche Grupp Hacker revendiquéiert ginn, deen Europol bekannt ass. Si hätte keen Zougang zu vertraulechen Date gehat, et géing hinne just drëms goen, dem attackéierte Service ze schueden. Do hat déi franséisch Post dat hei kommunizéiert: