Israeeleschen Arméisspriecher confirméiertIran huet Dronenugrëff op Israel lancéiert

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Ausseministère huet iwwerdeems eng Reeswarnung fir Israel, den Iran an de Libanon erausginn.
Den Iran hat no enger Attack op dat iranescht Konsulat zu Damaskus annoncéiert, Revanche ze huelen.
Den Iran hat no enger Attack op dat iranescht Konsulat zu Damaskus annoncéiert, Revanche ze huelen.
© AFP/File/Maher AL MOUNES

Wéi israeelesch Medie mellen, soll den Iran Dronen a Richtung Israel lassgeschéckt hunn. Dës Informatioune géifen aus Sourcen aus den USA ervirgoen.

Den israeeleschen Arméisspriecher Daniel Hagari huet dës Informatioune géint 22 Auer eiser Zäit confirméiert. D’Drone géifen nach e puer Stonne brauchen, ier se hiert Zil erreechen. Israeelesche Medien no kéinten et ongeféier néng Stonne sinn. Den Ament wieren se deemno nach am irakesche Loftraum.

“‘De Loftofwiersystem vun der IDF ass an héchster Alarmbereetschaft, genee esou wéi d’Kampfjette vun der IAF an d’Schëffer vun der israeelescher Marinn, déi am israeelesche Loftraum eng Verdeedegungsmissioun fléien. D’IDF iwwerwaacht all Ziler”, esou den Daniel Hagari.

Medieberichter no soll den Iran eng zweet Well vun Dronen op Israel ofgeschoss hunn. “Dosenden Drone goufe gesinn, wéi se aus dem Iran a Richtung Israel iwwert den irakesche Loftraum geflu sinn”, esou zwou irakesch Source géigeniwwer Reuters.

Déi iranesch staatlech Medien hunn iwwerdeems den Ugrëff op Israel confirméiert an den iranesche Staatschef Ajatollah Ali Chamenei huet op X seng Menace géigeniwwer Israel widderholl: “Dat béisaartegt Regime wäert bestrooft ginn.”

Den 1. Abrëll gouf duerch ee méiglecherweis israeelesche Loftugrëff e Gebai um Terrain vun der iranescher Ambassade an der syrescher Haaptstad Damaskus zerstéiert. Siwe Mënsche si gestuerwen. Den Iran hat nom Ugrëff annoncéiert, Revanche ze huelen.

Lëtzebuerger Ausseministère gëtt Reeswarnung fir Israel, Iran a Libanon eraus

Wéinst den Tensiounen am Noen Osten, déi speziell tëscht Israel, dem Iran an dem Libanon an der leschter Zäit geklomme sinn, warnt Lëtzebuerg seng Awunner e Samschdeg den Owend virun all Reesen an dës Regiounen. Et géif d’Gefor vun enger militärescher Eskalatioun bestoen.

Leit, déi sech den Ament schonn hei ophalen, sollen iwwer d’Entwécklungen um aktuellste Stand bleiwen. Gréisser Mënschenusammlungen an Deplacementer sinn ze evitéieren. Virun allem am Iran géif et ëmmer nees geschéien, datt Europäer festgeholl ginn an zu laange Prisongsstrofe verurteelt ginn.

Weider Detailer fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO