UN-VollversammlungIranesche President Peseschkian huet Menacë vum Trump zréckgewisen

AFP, iwwersat vun RTL
No der oppener Menace géint den Iran vum US-President virun de Vereenten Natiounen en Dënschdeg huet e Mëttwoch den iranesche President Massud Peseschkian a senger Ried op där Plaz dorobber reagéiert.
Der iranische Staatschef Massud Peseschkian hat die erneuten Drohungen von US-Präsident Donald Trump gegen sein Land zurückgewiesen. Er sagte in einer Rede vor der UN-Vollversammlung in New York, der Iran werde "niemals in die Knie gehen".
Den iranesche President Peseschkian huet virun der UN-Vollversammlung op d'Menacë vum US-President Trump reagéiert.
© AFP

Den iranesche President Massud Peseschkian huet op en Neits Menacë vum US-President Trump géint säi Land zréckgewisen. Hie sot e Mëttwoch an enger Ried virun der UN-Vollversammlung zu New York, datt den Iran "ni an d'Knéi goe" géing. De Peseschkian huet den USA ausserdeem "Terrorismus" virgeworf. Dobäi huet hien eng Foto vum ieweschten iranesche Leader Ali Chamenei gewisen, deen um Ufank vum Iran-Krich viru bal siwe Méint ëmbruecht gi war.

Weider sot de Peseschkian, datt den Iran "ni e Krich ugefaangen" hätt an ëmmer bereet fir Verhandlunge gewiescht wier. Donieft huet hien nach emol den iraneschen Usproch op d'Strooss vun Hormus betount.

Den Donald Trump hat d'Iraner Terroriste vernannt a gesot, hie kéint den Iran "an d'Häll" schécken a "vernichten", wann et net geschwënn eng Léisung géing ginn. Donieft sot den Trump, e Friddensofkommes wier "direkt no" den US-Kongresswalen den 3. November méiglech.

Den US-Ausseminister Marco Rubio sot e Mëttwoch op d'Fro no engem Zesummenhang tëscht den US-Walen an engem diplomateschen Duerchbroch, datt den Iran wuel op eng Victoire vun den Demokraten am Kongress hoffe géing. Teheran hätt den US-System allerdéngs falsch verstanen, an deem de President d'Soen hätt, esou de Rubio.

Back to Top
CIM LOGO