Deal oder Vernichtung?Donald Trump dreet Iran op UNO-Vollversammlung zu New York

François Aulner
RTL mat AFP
Sandy Schmit
Dem US-President seng Ried war mat Spannung erwaart ginn. Doran huet hien och en Ofkommes tëscht den USA, Grönland an Dänemark annoncéiert.
"Amerika ass zeréck an esou staark ewéi nach ni", waren nëmmen e puer vum Trump sengen Aussoen.
© BRENDAN SMIALOWSKI/AFP

Soll ech dem Iran d'Chance gi fir en Deal oder d'islamesch Republik vernichten?": ënnert anerem mat där Fro huet den US-President Donald Trump en Dënschdeg virun der UNO-Vollversammlung ewéi gewinnt ausgedeelt. Virun engem Vertrieder vum Iran, deen awer keng Minn verzunn huet, huet den Trump d'islamesch Republik fir 51 Joer Chaos am Mëttleren Osten eleng verantwortlech gemaach. Den Iran dierf nimools Atomwaffe kréien, esou den Trump.

"Ech muss eng grouss Decisioun huelen. Gëtt et en Deal mam Iran, deen hinnen erlaabt, rëm opzebauen a méi grouss ze sinn ewéi jee virdrun? Vläicht dat Gréisst am Mëttleren Osten oder souguer op der Welt? Oder vernichten ech d'islamesch Republik? A maachen dat séier. Loossen hinne keng Chance, jee nach emol Leit a Länner ze zerstéieren? Soll ech se an d'Häll schécken, mat kenger Chance z'iwwerliewen a keng Hoffnung op eng grouss Zukunft fir Generatiounen? Mee ech mengen, mir fannen en Accord. Just no de Walen, well et mécht kee Sënn, fir si dat net ze maachen."

Hien huet all déi aner Länner opgeruff, den Iran wirtschaftlech komplett z'isoléieren, bis den Iran ophale géing, op Schëffer ze schéissen an op säin Atomprogramm géing verzichten. Hien huet versprach, datt, wann de Spuk bis eriwwer wier, d'Spritpräisser méi déif géinge falen ewéi se virum Krich waren.

Accord tëscht Russland an Ukrain "méi séier ewéi ee mengt"

Wat de Krich an der Ukrain ugeet, huet hien deklaréiert, datt Russland an d'Ukrain en Accord géinge fannen, "méi séier ewéi ee mengt". Béid Säite géingen 25.000 Leit de Mount verléieren a se hätten es genuch.

Walkampf op der Weltbün

Besonnesch ferm war den Trump nees mat der UNO selwer, déi deels vun enger "globaler lénker Agenda" ënnerwandert wier. Hien huet als Beispill eng Tax op Schëffsverkéier genannt, e geheime Projet vun enger UNO-Agence, deen awer seng Regierung gestoppt hätt. Hien huet ënnert anerem d'Staaten opgeruff, den internationale Strofgeriicht zu den Haag ze verloossen. Der UNESCO, déi sech fir de Schutz vum kulturelle Patrimoine asetzt, huet hie virgeworf, d'Kultur futti ze maachen, andeems se Masse-Migratioun géing ënnerstëtzen. D'UNESCO wier a sengen Aen eng "globalistesch" Organisatioun.

Den Donald Trump huet seng Ried offensichtlech benotzt, fir Walkampf ze maachen – en vue vun de mid-term Parlamentswalen Ufank November, bei deene seng Géigner, d'Demokraten, an de Sondage vir leien. "Amerika ass zeréck an esou staark ewéi nach ni" oder "Amerika ass déi mächtegst Natioun op der Welt", esou e puer vu sengen Aussoen.

AI vun elo un SI

Um Schluss vu senger Ried ass den US-President tëscht Theemen hin an hier gesprongen an huet ënnert anerem gefuerdert, datt Kënschtlech Intelligenz vun elo u soll "Superintelligenz" oder "SI" soll genannt ginn.

Hien huet virun allem awer virun engem "globalistesche Projet" gewarnt, fir d'KI ze reguléieren. Hien huet behaapt, datt déi Leit, déi virun de Gefore vun der KI warnen, genee déi selwecht wieren ewéi déi, déi virun der Äerderwäermung gewarnt hätten.

Bau vun zwee US-Militärstëtzpunkten a Grönland an zu New York

Den US-President Donald Trump wëll d'Militärpresenz vun de Vereenegte Staaten a Grönland däitlech ausbauen. "Mir wäerten zwee grouss Militärstëtzpunkte bauen", sou den Trump. No senger Ried op der UNO-Vollversammlung huet hie mat de Vertrieder vun Dänemark a Grönland e Sécherheetsofkommes ënnerschriwwen, op dat sech all d'Säiten an de leschte Woche gëeenegt haten.

Kengem Géigner vun den USA wier et domat erlaabt, eng militäresch Presenz a Grönland opzebauen oder ouni eng schrëftlech Zoustëmmung vun den USA do sensibel Investitiounen ze maachen.

Den US-President hat méintelaang ëmmer nees vun enger Annexioun vu Grönland gedreet an domat fir en Eclat ënnert den Nato-Partner gesuergt.

"De Message am grousse Ganzen ass eigentlech e ganz Pessimisteschen"

Dat ass d'Reaktioun vum Philip Crowther. "Et ass ëmmer erëm iwwerraschend, fir hei zu New York eng Ried ze gesi vun engem Staatschef, deen déi Institutioun esou kritiséiert, wou hie grad steet", sou den RTL-Auslandskorrespondent no der Ried vum US-President Trump. Et wier nees eng streng Kritik gi fir d'UNO, ma Haapttheema war den Iran-Krich. Den Trump hätt d'USA nees als grouss Weltmuecht presentéiert, als dat Land, wat am Moment gewënnt.

Op dem António Guterres seng Ried gekuckt, deem säin zweet Mandat jo geschwënn eriwwer ass, wie et eng immens schwaach Ried gewiescht, sou de Philip Crowther. Dem Guterres seng Zäit wier gepräägt vu Kricher, déi d'UNO net konnt stoppen. "De Message am grousse Ganzen, muss ee soen, vu ganz ville Staats- a Regierungscheffen, mä och vun der UNO selwer, ass eigentlech e ganz Pessimisteschen, wat alles ugeet, wat de Moment an der Welt esou lass ass".

De Philip Crowther hat dann och d'Geleeënheet de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel an de Grand-Duc zu New York ze begleeden. An do wier et interessant gewiescht, well et u sech esou ass, dass dat eent Joer den Ausseminister schwätzt an dat anert de Premierminister, ma de Xavier Bettel hätt de Grand-Duc dëst Joer invitéiert. Fir de Grand-Duc Guillaume war dat eng absolut Première iwwerhaapt.

Philip Crowther zu New York
Den RTL-Auslandskorrespondent schwätzt vun engem pessimistesche Message, deen no baussen ze spiere wier.

Ried vum António Guterres

Den UN-Generalsekretär António Guterres huet d'USA a China zum Optakt vun der Generaldebatt zu New York zur Zesummenaarbecht bei der Kënstlecher Intelligenz opgeruff. D'Spëtzereider bei der KI-Entwécklung géifen déi "gréisste Verantwortung géintiwwer der Mënschheet droen" a sollten dohier "Kanäl fir Dialog, Transparenz, Vertrauen an Zesummenaarbecht" ariichten, sou de Guterres en Dënschdeg virun den zu New York versammelte Staats- a Regierungscheffen. Hien huet an deem Zesummenhang un de Konflikt tëscht den USA an der Sowjetunioun am Kale Krich erënnert. Deemools hätten déi "strategesch Rivalen" d'Noutwennegkeet erkannt, bei "existenzielle Risiken" zesummenzeschaffen.

Den UNO-Generalsekretär huet a senger Ried och de Klimawandel an den Noost-Konflikt thematiséiert. D'Pëtrolskonzerner hätten d'Äerdatmosphär joerzéngtelaang als Deponie benotzt a kräfteg doru verdéngt. Zanter dem Ukrain-Krich hätten eleng 5 westlech Konzerner "bal eng hallef Billioun Dollar verdéngt a Gewënn gemaach", iwwerdeems "ganz normal Mënschen" ëmmer méi fir Energie, Liewensmëttel an Assurancë misste bezuelen. Déi, déi de gréisste Knascht hannerloossen a profitéieren, misste "wäit méi maachen, fir déi Schied ze besäitegen, déi se verursaacht hunn", huet de Guterres gefuerdert.

Am vun Israel besate Westjordanland géif "Gewalt, Verdreiwung an den Ausbau vu Siidlungen" de Wee zum Fridde verbauen, sou nach de Guterres, deen zum Joresenn no 10 Joer un der Spëtzt vun der UNO ofgeléist gëtt. Am Palästinensergebitt géif "d'Gespenst vun ethnesche Säuberunge" ëmgoen. "Mir dierfen net zouloossen, dass d'Zwee-Staate-Léisung virun eisen Ae verschwënnt."

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO