Zu New York ass et déi 81. Vollversammlung vun der UNO. Fir d'General-Debatt gi sech an den nächsten Deeg eng 130 Staats- a Regierungscheffen erwaart. Den Optakt huet en Dënschdeg den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres gemaach. No him war et um brasilianesche President Lula Da Silva an dono direkt um US-President Trump, deem säin Optrëtt mat Spannung erwaart gi war.
Als 14. an der sougenannter "Morning session" war et um Grand-Duc Guillaume. A senger Ried goung et drëms, d'Positiounen an d'Prioritéiten zu den internationalen Defie vum Grand-Duché ze erklären.
Am Gespréich mam RTL-Korrespondent Philippe Crowther huet de Grand-Duc Guillaume de Moment virun der Vollversammlung vun der UNO duerno als "ganz emotional" beschriwwen: "Et ass déi éischte Kéier nom Trounwiessel, dass ech hei zu New York op där Bün do stinn, déi international Bün, déi natierlech ganz impressionnant ass. Et schwätzt een déi ganz Welt un." Hien hätt et als "grouss Responsabilitéit" empfonnt, "d'Sprooch an d'Stëmm fir Lëtzebuerg" ze sinn.
Et wier him wichteg gewiescht, de Multilateralismus a senger Ried ervirzesträichen, ma och d'Situatioun vun deene Jonken hautdesdaags, déi duerch déi vill nei Technologie veronséchert wieren. Als Chef vun de Scouten hätt hien d'Erfarung gemaach, wéi wichteg et wier, deene Jonken eng Plaz ze ginn, wou si sech kënnen ausdrécken.
Et wier him eng besonnesch Éier, do ze stoen, huet de Grand-Duc ënnerstrach an am selwechten Otemzuch kloer gemaach, dass een eisem Land och weider vertraue kéint. D'Wuert Vertrauen ass dann och dacks an der Ried gefall. Dat géing nämlech ëmmer méi verluer goen an et wier genee dat, wat ee bréicht, "Vertrauen an d'Natiounen a Vertrauen an d'Leit".
Op déi eege Generatioun gekuckt, wier hien houfreg op de kulturelle Background, deen hie sech och duerch Reesen uechter d'Welt uneegne konnt. Dat hätt him gewisen, dass ee vill "ee vun deem anere léiere kann". Nëmme wann een "zesummeschafft", kann een d'Welt, esou wéi se elo ass, verbesseren. A grad dat wier haut duerch déi vill technologesch Moyenen esou einfach wéi nach ni. Et kéint ee weltwäit matenee connectéiert sinn, Dialoger féieren an trotzdeem géing ee sech net vertrauen, huet de Grand-Duc Guillaume ervirgestrach.
Lëtzebuerg hätt nach ëmmer un d'UNO gegleeft, ma Fridde wier net selbstverständlech. Dat géing de Krich vu Russland géint d'Ukrain weisen. De Modell vum Multilateralismus wier net perfekt, do misst een nach Efforte maachen. Do géif sech dann och d'Fro stellen, wéi eng Valeuren een den zukünftege Generatiounen mat op de Wee gëtt. Valeure wieren eppes, wat hien an de Scoute geléiert hätt, nieft Zesummenhalt a deene Jonke méi ze vertrauen.
Och d'KI huet de Grand-Duc op der UNO-Vollversammlung, grad wéi d'Riedner virdrun, ugeschwat. Dës hätt nämlech haut schonn en Afloss drop, wéi mer liewen an och zesummeschaffen. Do wieren déi eenzel Regierungen an der Verantwortung, d'Rechter an d'Wuelbefanne vu jidderengem ze schützen. Et misst een och an deem Beräich méi op déi Jonk lauschteren.
Lëtzebuerg géing weider zu sengem Engagement stoen an dobäi déi dräi Piliere weiderhin héich halen: Fridden a Sécherheet, Mënscherechter an d'Weiderentwécklung.
Aner Riedner um éischten Dag zu New York waren ënnert anerem de franséische President Macron, de brittesche Premier Burnham oder déi japanesch Premierministesch Takaichi. Däitschland gëtt wéi d'lescht Joer vum Bundesausseminister Johann Wadephul (CDU) vertrueden, deen e Samschdeg virun der UN-Vollversammlung schwätze wäert.