
Dat israeelescht Militär schwätzt vun zwee “Terroristen”, déi am Süde vum Territoire déi giel Linn passéiert hunn an den israeeleschen Zaldoten ze no solle komm sinn. D’Arméi huet matgedeelt, déi zwou Persoune wieren eng Menace gewiescht an hätten dowéinst missen “eliminéiert ginn”. Am Kader vun de Verhandlungen iwwert eng Wafferou dierfen déi israeelesch Truppe weiderhin am Süde vun der Gazasträif stationéiert bleiwen, fir Menacen ze iwwerwaachen.
Ënnert den internationalen Truppen, déi sollen hëllefen, d’Gazasträif ze stabiliséieren, wäerte keng däitsch Zaldote sinn. Dat huet den däitschen Ausseminister Johann Wadephul der Däitscher Presseagentur matgedeelt. Dës sougenannt Stabiliséierungstruppe si virgesinn, fir de Friddensplang an der Gazasträif ëmzesetzen. Den CDU-Politiker argumentéiert domadder, dass d’Zaldoten am Zweiwelsfall och mussen agräifen an dat kéinte sech virun allem an dëser Regioun “vill Leit net virstellen.”