Bei Ofso vu Buedemoffensiv op RafahIsraeelesche Finanzminister dreet mat Enn vun der Regierung

RTL Lëtzebuerg
De Bezalel Smotrich huet sech an engem Videomessage un den israeelesche Premier Netanyahu adresséiert.
© MENAHEM KAHANA AFP

An dësem huet hie mat engem Enn vun der israeelescher Regierung gedreet, wann et zu engem Geisel-Deal géif kommen an d’Offensiv op Rafah géif ofgesot ginn. Dat géif dem Smotrich no enger Kapitulatioun virun der Hamas gläichkommen. Dat um Réck vun honnerte vun israeeleschen Zaldoten.

Eng Zoustëmmung zum Ofkommes iwwer eng Fräiloossung vu Geiselen, wéi et vun Ägypte proposéiert gëtt, géif dem Finanzminister no eng existenziell Gefor fir Israel bedeiten. Wann d’Regierung op den Deal agoe géif, hätt si keng Berechtegung méi, ze existéieren.

D’Offensiv zu Rafah wier néideg, fir d’Hamas ze zerstéieren, d’Sécherheet vun der Grenz mat der Gazasträif nees hierzestellen an déi entféiert israeelesch Staatsbierger nees heem ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO