"Verschiddener vun Iech hu vergiess"Israeeleschen UN-Ambassadeur dréit Davidstär bei Sëtzung vu Sécherheetsrot

RTL Lëtzebuerg
De Gilad Erdan huet erkläert, datt hien den Davidstär esou laang "mat Houfert" wäert unhunn, bis de Rot "déi grujeleg Doten" vun der Hamas verurteelt.
© Michael M. Santiago / Getty Images via AFP

“Verschiddener vun Iech hunn an de leschten 80 Joer näischt geléiert, verschiddener vun Iech hu vergiess, firwat dës Organisatioun gegrënnt gouf”, esou den Erdan e Méindeg.

“Vun elo u gitt Dir all Kéier, wann Dir mech ukuckt, dorun erënnert, wat et bedeit, vis-à-vis vum Béisen ze schweigen”, huet den israeeleschen UN-Ambassadeur weider betount. “Wéi meng Grousselteren an d’Grousseltere vu Millioune Judde wäerte mäin Team an ech vun haut un Davidstären unhunn, bis si erwächen an d’grujeleg Dote vun der Hamas verurteelen.”

Um giele Stär op senger Jackett stoungen d’Wierder “Never again”, also “ni méi”.

Bei der Sëtzung e Méindeg hunn zwar eng Partie Riedner d’Attacke vun der Hamas verurteelt, ma hu gläichzäiteg och de Präis betount, deen d’Awunner vun der Gazasträif bezuelen. “Déi aktuell Belagerung vun der Gazasträif ass eng Kollektivstrof”, huet de Chef vum UN-Hëllefswierk fir palästinensesch Flüchtlingen (UNRWA), de Philippe Lazzarini, kritiséiert.

De gespléckten UN-Sécherheetsrot huet sech iwwerdeem nach ëmmer net op eng gemeinsam Resolutioun fir d’Situatioun am Noen Oste gëeenegt. Véier Entwërf goufe refuséiert. Doropshin huet d’UN-Generalversammlung e Freideg mat grousser Majoritéit eng “direkt humanitär Wafferou” an der Gazasträif gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO