Verstéiss géint Vëlkerrecht?Israel erkennt Somaliland als onofhängegt Land un

Tom Nols
Als weltwäit éischte Land huet Israel déi ostafrikanesch autonom Regioun unerkannt, a gëtt international schaarf kritiséiert fir dee Schratt.
© MICHAEL RUNKEL/robertharding via AFP

Nom Biergerkrich hat sech 1991 en Deel vu Somalia ofgespléckt a fir onofhängeg deklaréiert. Laang wollt keen anert Land dee Schratt ënnerstëtzen. Israel huet sech awer elo fir eng Unerkennung decidéiert. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an de President vun der muslimescher Regioun Abdirahman Mohamed Abdullahi hunn eng entspriechend Deklaratioun ënnerschriwwen. E Virgoen, dat international kritiséiert gëtt.

Zu där Unerkennung wier et komm am Geescht vum “Abraham-Ofkommes”, sou de Büro vum Netanjahu. Dëst Ofkommes hat den US-President Donald Trump 2020 wäert senger éischter Amtszäit op de Wee bruecht. An der Suite hate sech d’Relatiounen tëscht de Vereenegten Arabeschen Emirater, Bahrain, Marokko, Sudan an Israel normaliséiert.

Grënn fir d’Unerkennung

Enger israeelescher Tëleeschaîne no war et viru Méint zu geheime Kontakter komm tëscht Israel a Somaliland. Wärend dem Krich an der Gazasträif hat Israel no Länner gesicht, déi bereet wieren, palästinensesch Bewunner aus de Kampfgebidder opzehuelen. Den Trump hat virdrun d’Iddi vun enger Ëmsidlung an d’Spill bruecht, wat zu internationaler Kritik gefouert hat.

En aneren zentrale Grond fir déi israeelesch Bezéiungen zur nordsomalescher Regioun wier de Jemen, dee ganz no läit. Den Zougang zum Territoire an dem Loftraum vu Somaliland géif et dem israeelesche Militär méi einfach maachen, déi vum Iran ënnerstëtzten Huthi-Miliz am Jemen unzegräifen, respektiv se z’iwwerwaachen. D’Miliz hat nom Ufank vum Gazakrich Zieler an Israel, a virun allem Handelsschëffer mat presuméiertem Bezuch zu Israel attackéiert.

Schaarf international Kritik

Déi somalesch Regierung huet d’Unerkennung schaarf verurteelt a schwätzt vun engem “virsätzlechem” an “illegalen” Ugrëff op hir Souveränitéit. De Generalsekretär vun der Arabescher Liga Ahmend Aboul Gheit huet dat israeelescht Virgoen als “klore Verstouss géint d’Reegele vum Vëlkerrecht” bezeechent. Déi Afrikanesch Unioun warnt virun engem geféierleche Prezedenzfall mat wäitreechende Suitte fir Fridden a Stabilitéit um ganze Kontinent. Eenzel Staate wéi Äthiopien oder d’Emirater ënnerhalen zwar Relatioune mat Somaliland, hunn d’Gebitt awer net offiziell als onofhängegt Land unerkannt.

Back to Top
CIM LOGO