
Vum 1. Januar u fuerderen déi israeelesch Autoritéiten nämlech eng Registréierung. Vill Organisatiounen halen dës awer fir net gesetzeskonform. Déi betraffen ONGen musse bis Mäerz mat all hiren Aktivitéiten an Israel ophalen. Dat selwecht gëllt fir d‘Gaza-Regioun. Betraff si 37 Organisatiounen, dorënner Médécins sans frontières an Oxfam.
D‘Zil vun dëser Registréierungsflicht wier fir z‘evitéieren, datt Mataarbechter vun den Hëllefsorganisatiounen an terroristesch Aktivitéite verwéckelt sinn. Méi wéi 100 Organisatiounen hätte sech och registréiert. Déi 37 aner ONGen hätte refuséiert, eng Lëscht vun hire Mataarbechter um Terrain anzereechen, esou d‘Explikatioun vun Israel.
D‘Organisatioune sollen ënnert anerem och confidentiel Informatiounen iwwer palestinensesch Mataarbechter verroden an op Demande Leit entloossen, ouni datt dofir muss e Grond genannt ginn. D‘Iwwerpréiwe vum Personal duerch en Acteur, deen an de Konflikt involvéiert ass, gëtt als Verstouss géint humanitär Grondsätz wéi Neutralitéit an Onofhängegkeet gesinn.