
Méi wéi zweeanenhallef Joer nom Doud vun der fënnef Joer aler Palästinenserin Hind Rajab a senger Famill huet déi israeelesch Arméi annoncéiert, strofrechtlech Ermëttlungen an d'Weeër ze leeden.
"No der Iwwerpréiwung vun den Ermëttlungsergebnisser a wéinst méigleche Feeler bei der Koordinatioun vum Asaz vum Rettungswon vum Palästinensesche Rouden Hallefmound gouf decidéiert, eng strofrechtlech Enquête an d'Weeër ze leeden", huet et e Mëttwoch vun der israeelescher Arméi geheescht,
Opname vum Noutruff-Telefonat vum Meedchen an ee renomméierte Film, deen dorop baséiert, haten de Fall international bekannt gemaach.
Dat 5 Joer aalt Hind Rajab hat den 29. Januar 2024 iwwer Stonnen ee verzweiwelt Telefonat mam Palästinensesche Rouden Hallefmound gefouert, nodeems den Auto vu senger Famill beschoss gi war. Si hate probéiert, virun der israeelescher Arméi ze flüchten, déi der Stad Gaza ëmmer méi no koum. Deeg méi spéit gouf dem Meedche seng Läich aus dem Auto gebuergen, dee vu Kugelen duerchlächert gi war. Och sechs Familljememberen an zwee Mataarbechter vum Rouden Hallefmound, déi zur Hëllef komm waren, goufen dout fonnt.

Dem Meedche seng Geschicht gouf duerch de Film "The Voice of Hind Rajab" bekannt, deen d'Evenementer vun deem Dag rekonstruéiert huet. Den Doku-Drama war bei de Filmfestspiller zu Venedeg mat engem Sëlwere Léiw ausgezeechent ginn a war och fir een Oscar nominéiert.
Déi israeelesch Arméi huet e Mëttwoch erkläert, d'Militärpolice an d'Kriminalpolice géife mat der Enquête zu dem Fall beoptraagt ginn. "Beim Beschoss koume fënnef Leit am Auto ëm d'Liewen, zwee hunn iwwerlieft: d'Hind Rajab a seng Cousine Layan Hamada", huet déi israeelesch Arméi confirméiert. Nodeems déi zwee Iwwerliewend mam Palästinenschene Rouden Hallefmound telefonéiert haten, wier eng Ambulanz geschéckt ginn, fir deene Blesséierten ze hëllefen. Wou de Won ukomm wier, wier allerdéngs eng Granat drop geheit ginn, déi och déi zwee Secouriste bannendran ëmbruecht huet.
Déi israeelesch Arméi huet iwwerdeems och Rapporte vun den Enquêten zu véier weidere Virfäll an der Gazasträif publizéiert, déi vill Opmierksamkeet krut hunn. An engem vun dëse géifen och strofrechtlech Enquêten an d'Weeër geleet ginn, huet et vun der Arméi geheescht. Speziell géif et dobäi ëm 15 Palästinenser goen, déi am Joer 2025 ëmbruecht goufen, dorënner medezinescht Personal an humanitär Hëllefer.
