Vum 1. Januar unIsrael wëll 37 Hëllefsorganisatiounen Zougang zu Gaza verbidden, UNO nennt dat "skandaléis"

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Israel huet eng Spär fir 37 Hëllefsorganisatiounen ausgeschwat, wa si bis e Mëttwoch um Mëtternuecht net déi néideg Richtlinnen akzeptéieren. Vun de Vereenten Natiounen gëtt et schaarf Kritik.
PALM BEACH, FLORIDA - DECEMBER 29: Israeli Prime Minister Benjamin Netanyahu holds a press conference with U.S. President Donald Trump at Mar-a-Lago on December 29, 2025 in Palm Beach, Florida. The two leaders held a bilateral meeting to discuss regional security in the Middle East as well as the U.S.-Israel partnership. Joe Raedle/Getty Images/AFP (Photo by JOE RAEDLE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Israel huet annoncéiert, datt 37 Hëllefsorganisatiounen vum 1. Januar un den Zougang zu der Gazasträif verbuede kréien, wann dës net mat den israeelesche Richtlinnen iwwereneestëmmen, déi detailléiert Informatiounen iwwer palästinensesch Mataarbechter verlaangen. Dës Mesure huet bei de Vereenten Natiounen grouss Kritik ausgeléist. Den UN-Kommissär fir Mënscherechter Volker Türk huet dëse geplangte Schrëtt an enger Erklärung als “skandaléis” betitelt an aner Staaten dozou opgeruff, Israel vun dësem Virgoen ofzeroden.

D’Suspensioun vun enger Rei Hëllefsorganisatioune fir Gaza duerch Israel ass skandaléis.” Sou de Volker Turk an enger Erklärung e Mëttwoch, an där hien och warnt, datt “sou arbiträr Suspensiounen eng elo schonn intolerabel Situatioun fir d’Mënschen a Gaza nach méi schlëmm maache géif”.

E puer NGOen hunn der AFP matgedeelt, datt déi nei Richtlinne grouss Auswierkungen op d’Iess- a Medezin-Liwwerunge fir Gaza hätten, dat an enger Zäit, an där de Besoin vum zerstéierte Gebitt méi grouss wier, wéi d’Unzuel un Hëllef, déi d’Leit an der Gazasträif aktuell kréien.

Back to Top
CIM LOGO