Méi wéi 100 Pompjeeën hunn e Freidegowend zu Denver stonnelaang géint e gewaltege Brand op enger Schantje gekämpft. D’Feier ass an engem Appartementshaus an der Bauphas ausgebrach an huet sech iwwer eng Fläch vun engem ganze Quartier erstreckt. D’Pompjeeë konnten d’Flamen dovun ofhalen, op Nopeschgebaier iwwerzegräifen, esou d’Autoritéiten.
Ee Pompjee ass dobäi blesséiert ginn an an d’Spidol bruecht ginn. Aner Verletzter goufen net gemellt.
Wéinst dem Brand goufen d’Awunner an der Géigend evakuéiert. Bis spéit owes war d’Feier gréisstendeels ënner Kontroll, mee nach net komplett geläscht. D’Pompjeeë sollten d’Nuecht iwwer op der Plaz bleiwen, fir all d’Glousnäschter komplett ze läschen.