
Déi däitsch Bundespolizei huet, wéi et en Donneschdeg heescht, vum 8. Mee bis zum Schluss vum Joer am Ganzen 33.338 onerlaabt Areese registréiert - déi meescht dovu goufen zréckgewisen. Bei de Kontrolle wieren ausserdeem an deem Zäitraum 1.065 presuméiert Passeure virleefeg festgeholl. Donieft konnt d’Police eegenen Aussoen no 5.906 Leit festgeholl ginn, déi mat engem Mandat d’arrêt gesicht goufen.
De Bundesinnenminister Alexander Dorbindt hat de 7. Mee déi verstäerkt Kontrollen an Zréckweisungen un allen néng däitsche Landesgrenzen zu den Nopeschstaaten ordonéiert. Ausname ware sougenannt vulnerabel Gruppe wéi Kanner a Schwangerer. Wéi d’Police e Freideg matgedeelt huet, hätten zanterhier 242 Leit un de Grenzen eng Demande op Asyl wéinst hirem vulnerabele Status gemaach.
Vun den Zréckgewisene koume knapp 1.200 aus engem sougenannte sécheren Drëttstaat an duerften dowéinst net iwwer d’Grenz, wéi d’Police weider matgedeelt huet. Ausserdeem louch fir 1.253 Leit eng Spär vir, datt si net nach eng Kéier an Däitschland areesen dierfen.
D’Zuel vun de registréierten onerlaabten Areesen iwwer Land, Loft oder Mier louch 2025 - also vum 1. Januar bis Joresenn - mat 62.526 esou niddreg wéi zanter véier Joer net méi. Dat Joer virdru waren nach 83.572 onerlaabt Areese registréiert, 2023 souguer nach 127.549.
Onerlaabt oder irregulär Areese sinn där, bei deenen d’Leit keng gülteg Openthaltsautorisatioun hunn. Déi schwaarz-rout Bundesregierung hat direkt no hirem Start eng méi streng Linn géint déi irregulär Migratioun ageschloen.