Zu Däitsch-Ooth hei vir a Frankräich waren zanter e Sonndeg den Owend iwwer 60 Pompjeeën am Asaz, well e Grupp vu Leit vermësst gouf, déi onerlaabt an eng Minière eragaange sinn.
Wéi een Awunner aus der Géigend RTL géintiwwer erkläert, waren dem Mann scho virun zwee Deeg eng ganz Partie Leit opgefall, déi an d’Minn eragaange sinn. Well hir Autoen en Dënschdeg nach ëmmer do stoungen, huet de Mann d’Secouristen alertéiert: Doropshin ass ee groussen Dispositif mobiliséiert ginn, wéi eis den Dominique Minelli, Responsabele vum Atelier vun der Gemeng Audun-le-Tiche erkläert, deen déi ganzen Zäit iwwer sur Place war:
Dominique Minelli: Il y avait un très grand dispositif qui s’est mobilisé hier. Effectivement, oui, il y avait plus d’une trentaine de véhicules de pompiers, d’un peu toute la région, et une soixantaine de pompiers qui étaient sur place, oui. Alors, ils les ont trouvés, entre guillemets, c ‘est-à-dire qu’ils les ont croisés en bas et les gens ont pris la fuite, donc ils ne les ont pas retrouvés. Ils sont partis sur les galeries qui vont vers Esch.
Um Enn gouf de Grupp Leit fonnt, ma déi hate sech dunn duerch d’Bascht gemaach. Wéi RTL vu Leit op der Plaz gewuer ginn ass, kënnt dat wuel mei dacks vir, datt Virwëtzeger duerch d’Minne ginn, wat awer net ongeféierlech ass. Wéinst den Autosplakke konnt ee schonn e puer Leit identifizéieren, déi bei dësem Grupp dobäi waren. Et gouf eng Enquête opgemaach.
D’RTL-Journalistin Céline Eischen war e Mëttwoch de Moie bis op d’Plaz kucken an huet sech och live am Mëttesjournal vun der Plaz gemellt.
Weider Informatiounen op infos.rtl.lu.